Botzaktioun zu Schëffleng
23rd March 2026
Motor Union Schifflange
Den 21. Mäerz gouf zu Schëffleng nees drop lass gebotzt! Iwwer 100 Leit, kleng a grouss, hunn sech um Parking vum Hall Polyvalent getraff an sech mat Picken, Händschen, Gileten an Tuten ekipéiert. Och mir vun der Motor-Union waren vertrueden an hunn eis mat op de Wee gemaach, fir d’Gemeng méi propper ze maachen – vun Trottoire bis zu Bësch- a Vëlosweeër. Zum Schluss gouf et eng lecker Lasagne.
Merci un Organisateur‘en an jidderengem dee gehollef huet

